Eise Betrib

Verloosst Iech op eis Expertis fir Äre Liewensprojet ze realiséieren

Mir huelen Iech mat an d'Welt vun den Immobilien, fir all Är Bauprojeten ze verwierklechen. Gegrënnt goufe mir am Joer 1980 vum Helmut Wiesen an dem Rainer Piront. Zënterhier hu mir eis zu Lëtzebuerg als Baufirma en Numm gemaach a bidden eis, mat iwwer 40 Joer Erfarung, als zouverlässege Partner fir de Bau vun Ärer Immobilie am Grand-Duché un.

+ Méi liesen- Manner liesen

44

Joer Erfahrung zënter 1980

Méi

2000

gebauten Eefamilljenhaiser zu Lëtzebuerg

Méi

1000

apartments

Eise Betrib

Exzellenz ass eist Schlësselwuert

Eist Schlësselwuert bei wiesenpiront ass Exzellenz. Mat iwwer 2000 Eefamilljenhaiser an 1000 Appartementer op der Lee, setzt eis Ekipp aus iwwer 200 motivéierten an engagéierte Mataarbechter alles drun, fir Iech héichwäerteg Leeschtungen ze bidden, déi ëmmer um neiste Stand vun der Technik sinn.

Är Perséinlechkeet läit eis um Häerz. Dofir verbanne mir als Bauexperten Innovatioun a Qualitéit mat enger Planifikatioun op d'Mooss, fir Äre Virléifte Rechnung ze droen. Vum Entworf bis zu der Liwwerung, bidde mir Iech e kompletten a personaliséierte Service, mat engem kompetenten an zouverlässegen Uspriechpartner, deen Iech bei all Etapp vun Ärem Projet zur Säit steet.

Zu Lëtzebuerg si mir present mat eisem administrative Büro zu Wäiswampech an eise Verkafsbüroen um Briddel an zu Dikrech. Eis Offer ëmfaasst schlësselfäerdeg Haiser mat engem Service, dee mir ënner anerem dank eiser neier Applikatioun fir de Suivi vum Projet oder och nach eise Servicer fir d'Bannenariichtung personaliséiere kënnen. 

Eis Stäerkten: 

  • mir lauschteren Iech no, fir op Är Wënsch a Besoinen ze reagéieren;
  • mir baue mat héichwäertegem, ëmweltfrëndlechem a modernstem Material;
  • mir bidden Iech e personaliséierte Service, deen Äert Vertraue verdéngt.

Dir sidd op der Sich no engem erfuerene Partner, fir Är Zukunft als Proprietär ze bauen? Verzielt eis, wéi Äert Dramhaus ausgesäit, mir verwierklechen et fir Iech a ginn iwwer Är Besoinen eraus.

Op d'Mooss

Är Wënsch verstoen, Är Dreem bauen!

Méi uweisen

Dir wëllt Ären Immobilieprojet engem uvertrauen, deen Iech och wierklech nolauschtert? Kontaktéiert eis: Är Meenung ass eis wichteg.

Briddel

Verkafsbüro Briddel

88, rue de Luxembourg

+352 333 628 - 1
Dikrech

Verkafsbüro Norden

20, avenue de la gare

+352 99 83 61 - 104
Wäiswampech

Technesche Büro

19, Duarrefstrooss

+352 97 90 38 - 1